Europa Aktuell
Ass de Brexit an engems den Optakt vun der EU-Dekonstruktioun?
Huet mam "Brexit" d'Dekonstruktoun vun der EU ugefaangen? De "worst case" Zeenario, dee kee fir méiglech gehalen huet, ass zanter dem britesche Referendum vum 23. Juni 2016 Realitéit. 52 Prozent vun de Briten hu sech fir een Austrëtt vun hirem Land aus der Europäescher Unioun decidéiert. Zu Bréissel bei der EU-Kommissioun hat ee sech éischter een aneren Ausgank vum Referendum erwaart. D'Situatioun, sou wéi se sech elo stellt, gouf et nach ni, an engem gewësse Sënn gëtt elo europäesch Geschicht geschriwwen. Et ass nämlech fir d'éischte Kéier, datt ee Land aus der EU austrëtt. Dësen Dënschdeg, 28. Juni, treffe sech déi 27+1 fir een EU-Sommet an der belscher Haaptstad, fir déi nächst Schrëtt ofzestëmmen, an awer och, fir dem europäesche Gedanken neien Opdriff ze ginn. D'Kattalin Landaburu vu Bréissel.