Album vun der Woch
Fate Of The Poet - LaClaireau
6 min
LaClaireau ass, wéi wann Dir Iech modern Troubadouren vun der heiteger Generatioun heem invitéiert hätt - an dobäi a Kaf huelt, datt si verschidde Stiler vermëschen, déi a priori net onbedéngt dofir gemaach sinn. Esou ass d'Klassik omnipresent, besonnech an den Arrangementer, déi kloer a Richtung Kammermusik ginn. Mee ëmmer erëm fléisst de Songwriting mat an, och Elementer aus Pop an Jazz ... wat eng gewoten awer gelonge Mëschung gëtt. En Album, deen dacks mat rhytmesche Wiesselen an exzellente Stëmmen (inkl. harmony vocals) iwwerrascht, déi wéi gemaach sinn, fir de gebuedene Kascht. Faszinéierend an onopgereegt spannend, mengt de Fred Medernach iwwert den Album, dee bei Lie Records zu Gent erauskomm ass.
www.gabrielaarnon.com