Radioen

On air

Tockcity  |  Roller Derby - Last Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ Salim Levent Sahinkaya

Salim Levent Sahinkaya

An der Tierkei war de 15. Juli e Putschversuch. Dësen ass gescheitert, mee den Impakt op d'Tierkei an iwwert d’Grenzen eraus ass trotzdem enorm.

Fir d’AKP-Regierung vum Recep Tayyip Erdogan stécht d’Hizmet-Bewegung vum Priedeger Fetullah Gülen (zanter 1999 an den USA exiléiert) hannert dem Putschversuch. Zanter dem 15. Juli sinn Dausende vu presuméierte Membere vun der Hizmet-Beweegung festgeholl oder vun hire Posten ofgesat ginn. Betraff sinn d'Militär, d'Justiz, d'Educatioun an d'Medien.

Fir iwwert d’Situatioun an der Tierkei nom gescheiterte Putschversuch ze diskutéieren, ass den tierkeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg Invité um 100,7.

Mam François Aulner schwätzt de Salim Levent Şahinkaya och iwwert déi nei Relatioune vun der Tierkei mat Russland a mat der EU, mee och iwwert d'Migratiounskris an de Konflikt a Syrien.

Episoden

Bob Steichen | © Morgane Weidig

Bob Steichen

De Maurice Molitor schwätzt mam Buergermeeschter vun Ettelbréck iwwer Sécherheets- a Verkéiersproblemer a senger Gemeng.
headphones

12 min

play_arrow
Tom Theobald | © Morgane Weidig

Tom Theobald

De Brexit ass fënnef Joer al. Huet déi Lëtzebuerger Finanzplaz dovu profitéiert? Dat freet d'Christiane Kleer de Generaldirekter vun der Promotiounsagence Luxembourg for Finance.
headphones

13 min

play_arrow
Steve Heiliger | © Morgane Weidig

Steve Heiliger

Mat wéi enge Fuerderungen ass d'CGFP an d'Verhandlunge fir den neien Accord salarial gaangen, a firwat krut si sech net méi duerchgesat? Dat freet d'Christiane Kleer de Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft.
headphones

13 min

play_arrow
Stéphanie Zimmer | © Morgane Weidig

Stéphanie Zimmer

Wéi kann eng nohalteg Liewensmëttelproduktioun ausgesinn, déi all d'Acteuren un een Dësch bréngt? Déi Fro stellt d'Institut fir biologesch Landwirtschaft IBLA a lancéiert een entspriechende Projet. Froen un hir Direktesch.
headphones

13 min

play_arrow
Marc Wengler

Marc Wengler

Mam Generaldirekter vun der CFL schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi grouss Projeten, déi d'Eisebunnsgesellschaft sech virgeholl huet, an iwwer d'Ambitioun, den Erwaardunge vum Client gerecht ze ginn.
headphones

15 min

play_arrow
Frank Wies

Frank Wies

Fiert d'CSV-DP-Koalitioun a Saachen d'Asylpolitik eng méi haart Linn wéi déi viregt Regierung? Dat freet d'Christiane Kleer de spezialiséierten Affekot a Member vum Flüchtlingsrot.
headphones

14 min

play_arrow
Martine Solovieff | © Jo Diseviscourt

Martine Solovieff

D'Procureure générale d'État geet den 1. Februar a Pensioun. Am 100,7-Interview schwätzt si iwwer Personal- a Plazmanktem, laang Delaien, Retarde bei der Digitalisatioun an aner Suerge vun der Justiz.
headphones

15 min

play_arrow
Marianne Donven | © Jo Diseviscourt

Marianne Donven

Aus Protest géint d'Flüchtlingspolitik vun der Regierung, huet d'Marianne Donven, déi sech zënter ville Jore mat Initiative wéi der ASBL en oppent Haus oder de Chiche-Restaurante fir Flüchtlingen asetzt, beim Staat gekënnegt.
headphones

13 min

play_arrow
Marc Angel | © European Union 2024

Marc Angel

Den LSAP-Europadeputéierte reagéiert op d'Untrëttsried vum Donald Trump a kommentéiert déi juristesch Ausenanersetzung iwwer déi europäesch Mindestloundirektiv.
headphones

13 min

play_arrow
Gusty Graas

Gusty Graas

Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun kommentéiert d'Untrëttsried vum Donald Trump an d'Wafferou am Noen Osten.
headphones

13 min

play_arrow
Alex Bodry | © Jo Diseviscourt

Alex Bodry

Den Ex-Minister an -Deputéierten an aktuelle Member vum Staatsrot iwwer säi Buch "“Le Luxembourg, son régime politique et ses institutions”
headphones

13 min

play_arrow
Magali Paulus

Magali Paulus

25 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft hunn sech an enger neier Plattform zesumme gedoen. Wat wëllen se domat areechen?
headphones

9 min

play_arrow
Michèle Bressanutti

Michèle Bressanutti

Zu Lëtzebuerg gi méi dacks Kanner an Heemer placéiert, wéi an aneren europäesche Länner. Firwat ass dat esou? mir froen d'Direktesch vum Service national de l'enfance.
headphones

13 min

play_arrow
Patrick Dury

Patrick Dury

De Premier huet d'Gewerkschaften op eng "Sozialronn" invitéiert. Geet dat duer fir d'Gemidder ze berouegen? Mir froen den LCGB-President.
headphones

15 min

play_arrow
Martine Deprez | © Jo Diseviscourt

Martine Deprez

Kënnt eng Pensiounsreform? Mir froen d'Sozialministesch, ob si sech scho festgeluecht huet.
headphones

11 min

play_arrow
Marc Hans | © Chris Zeien

Marc Hans

Mir froen den neien Direkter vun der Waasserverwaltung, wéi gutt Lëtzebuerg géint Héichwaasser geschützt ass.
headphones

11 min

play_arrow
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Entdeckt eisen neien 100,7-Doku-Podcast, bei deem Dir mat an d'Recherchen andauche kënnt, fir Iech e Bild ze maache vun deem, wat zu Lëtzebuerg leeft an eis all eppes ugeet.
headphones

3 min

play_arrow
Steve Thull | © Morgane Weidig

Steve Thull

De Chef vum Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Noutwennegkeet vu Resilienz an onsécheren Zäiten.
headphones

15 min

play_arrow
Isabelle Schlesser | © Morgane Weidig

Isabelle Schlesser

Wéi ass d'Situatioun um Aarbechtsmaart a wéi wäert se sech am Laf vun 2025 weider entwéckelen? Dat erkläert d'Directrice vun der ADEM am Gespréich mam Maurice Molitor.
headphones

13 min

play_arrow
Erny Gillen

Erny Gillen

Dee fréiere Caritas-President schafft haut als eethesche Beroder. Mir froen hien, wéi een Impakt seng Berodung huet, a wéi hien d'Caritas-Affär erlieft huet.
headphones

15 min

play_arrow