Album vun der Woch
The Jayhawks - Paging Mr. Proust
Melodie ass Tromp fir d'Equipe ronderëm den Jayhawks-Mastermind Gary Louris. Hiren typesch amerikanesche Sound ass waarm a ronn, mat Erënnerungen un de Summer (of love!), vill Gittaren an eng meeschtens onbeschwéiert Atmosphär. Wie gär Vergläicher zitt: R.E.M. oder fréier d'Byrds ... et geet an déi Richtung. Den Titel bezitt sech natierlech op de Marcel Proust, besonnesch op säi Klassiker "A La Recherche Du Temps Perdu". "Zäit, esou de Gary Louris, "ass eppes immens Wichteges. Mir sollte manner rennen a villem a Liewen méi Zäit ginn ...".
Presentéiert vum Fred Medernach.