arrow_back_ios
Fräie Mikro
Kann ee Patrimoine och héieren oder liesen?
A leschter Zäit gëtt vill vu Patrimoine geschwat. Et ass e Gesetz doriwwer ënnerwee, nees an nees gëtt sech an der Press doriwwer opgereegt, wann en alt Gebai ofgerappt gëtt. Patrimoine awer nuren op Gebaier ze reduzéieren, dat ass de Begrëff vill ze enk gesinn, mengt d'Simone Beck.