Album vun der Woch
Allah-Las - Calico Review
De psychedelesche Rock-Pop Quartett "Allah-Las" ass zréck mat engem 3. Longplayer. "Calico Review". Déi 4 Museker vun L.A. haten nach ëmmer eng Virléift fir de Retro Sound. Retro jo, mee net egal wéi agencéiert. D’Wuerzele vun hirem Sound leien an den ale Fender Gittaren, an der analoger Musek an am Stëbs. Fir den 3. Opus "Calico Review" gouf bewosst op d'Retro Technologie zréckgegraff. Fir dës Scheif opzehuelen, sinn d’Allah-Las an eng Zäitkapsel geklommen an zwar goung d’Rees an d’Valentine Recordring Studios an d’Joer 1979. Hei goufen nämlech déi 13 nei Titele mam selwechte Mëschpult verschafft wéi deemools de "Beach Boys" hir Hitte vum legendäre "Pet Sounds" Album.
Presentéiert vum Philippe Hansen.