Europa Aktuell
Neien europäesche Küsten- a Grenzschutz
1,3 Millioune Flüchtlingen a Migranten hu sech d'lescht Joer Richtung Europa deplacéiert. D'EU war op de Baussegrenzen net op déi grouss Migratiounswell virbereet a konnt eréischt déi viregt Woch d'Kreatioun vun enger neier Autoritéit fir d'Kontroll vun de Grenzen an de Küsten annoncéieren. Et ass en historesche Projet, dee wuel no baussen hin als Integratiounsfacteur fir déi europäesch Exekutiv gefeiert gëtt, op där anerer Säit, sou d'Kritik vu Mënscherechtsorganisatiounen, wär et awer vrun allem een Organ, fir d'EU-Baussegrenzen nach méi impermeabel ze maachen.
Vu Bréissel d'Kattalin Landaburu.