Album vun der Woch
Leise Zeichen - Klaus Hoffmann
Et gëtt Zeechen, déi een a sech dréit, zanter datt ee sech erënnere kann, déi an engem schlummeren - an déi op emol erëm aus der Versenkung opdauchen ... bannescht Fotoen, un d’Uewerfläch gespullt vun Téin, Faarwen, Biller, Evenementer, déi si erëm an Erënnerung bréngen. Do sammelt sech esou muenches un ... och beim Klaus Hoffmann a sengen antëscht 65 Joer. "Leise Zeichen" nennt hien dann och säin Album, wou hien eng etlech där Fotoen a Wierder an Noute beliicht. Perséinlech Souveniren, mat deenen ee sech awer duerchaus identifizéiere kann.
Presentéiert vum Fred Medernach.