arrow_back_ios
Europa Aktuell
Sakharovpräis 2016
Zënter 1988 gëtt et de Sakharovpräis, als Unerkennung a Belounung fir déi Fraen, Männer an Organisatiounen, déi géint Ënnerdréckung, Intoleranz an Ongerechtegkeet kämpfen. Och wann dëse Präis éischter symbolesche Charakter huet, sou bréngt een et nawell Joer fir Joer fäerdeg, fir an der Ëffentlechkeet eng Saach bekannt ze maachen an ze verdeedegen, déi riskéiert hätt an de Vergiess ze geroden. Vu Bréissel, eis Korrespondentin Kattalin Landaburu.