arrow_back_ios
Europa Aktuell
D'Wallonie ass weiderhi géint de CETA
Et ass am Ablack nach net sécher, ob den EU-Kanada Sommet dësen Donneschdeg iwwerhaapt wäert ofgehale ginn. D'Oppositioun aus der Wallonie kéint dat ganzt nämlech a Fro stellen. Wéinst dem komplexe Federalsystem bei eisen Nopere muss den Traité nämlech net nëmmen duerch d'Parlament zu Bréissel, mä muss am Virfeld vun den dräi Regiounen an den dräi linguistesche Communautéiten approuvéiert gi sinn. Mä och no zwou Wochen haarden an zéie Verhandlungen hält d'Wallonie nach ëmmer un hiren Veto fest.