Europa Aktuell
Pürgen an der Tierkei
4 min
An der Tierkei ginn zanter Deeg ëmmer méi Politiker, Journalisten a Parlamentarier vun der prokurdescher HDP verhaft. Aus e sëllechen EU-Länner kënnt dowéinst schaarf Kritik, de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet déi tierkesch Politik mam Nationalsozialismus verglach. Den däitschen Diplomatiechef Frank Walter Steinmeier huet ugekënnegt, dass d'EU méiglecherweis d'Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei kéint stoppen. D'EU-Kommissioun zu Bréissel mécht iwwerdeems drop opmierksam, dass d'Europäesch Unioun ee Flüchtlingsofkommes mat Ankara ënnerschriwwen huet.