Fräie Mikro
E Vollek huet gewielt
De Succès vum Donald Trump huet méi wéi eng Facette. D'Responsabilitéit läit och a besonnesch bei der politescher Klass, déi dem Multimillionär den Terrain iwwerlooss huet, mengt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist.
Et war e besonnesch haarden Walkampf. Den Duell Clinton-Trump ass dacks iwwer d'Grenze vun deem gaangen, wat ee bis elo an der politescher Ausernanersetzung gewinnt war. Elo gëtt et ee Gewënner a ganz vill Froen a Reaktiounen.
Bleiwen mer bei de Reaktiounen hei an Europa. Et ass opfalend, wéi hefteg och elo vun offizieller Säit reagéiert ginn ass. Déi eng hu vu Katastroph geschwat, déi aner hu sech schockéiert gewisen. Kaum een huet mat deem Saz ugefaangen, deen een als verantwortleche Politiker eigentlech misst soen. Et huet e Vollek gewielt an eng demokratesch souverän Decisioun geholl.