arrow_back_ios
Europa Aktuell
Nei Weichestellung an der europäescher Wirtschaftspolitik
D'EU Kommissioun prekoniséiert nei Weeër an der Wirtschaftspolitik. Dobäi musse prioritär Léisunge fonnt ginn, fir sech géint de chineseschen Dumping kënnen ze wieren, ouni géint d'Regele vun der Welthandelsorganisatioun ze verstoussen. Bis Enn vun dësem Joer soll och sécher gestallt ginn, datt den europäesche Stolsecteur net weider ënner der deloyaler, chinesescher Konkurrenz ze leiden huet.
Vu Bréissel, eis Korrespondentin Kattalin Landaburu.