Fräie Mikro
Néng déidlech Aarbechtsonfäll dëst Joer
Stellt iech vir, et wiere sechs Leit bei engem Aarbechtsonfall 2016 bei enger Administratioun an der Fonction Publique gestuerwen! D'Aarbechtssécherheeetsmossname wären op en Neits net respektéiert ginn, d'Beamten hirem Schicksal iwwerlooss? Da wär eist Land net méi grouss genuch, fir d'Opreegung opzefänken. Lëtzebuerger wieren entsat a rosen, eis Politiker missten massiv Moossnamen huelen, d'ITM géif endlech déi Beamte kréien, déi se brauch, fir Mëssstänn opzedecken! Leider sinn d'Aarbechter aus der Baubranche keng Staatsbeamten!
E Fräie Mikro vun der Laura Zuccoli.