Europa Aktuell
Lancement vum Europäesche Solidaritéitscorps
D'Kristalina Georgieva, Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun, huet de leschte Mëttwoch offiziell den Europäesche Solidaritéitscorps lancéiert. Jonk Leit, déi u Solidaritéitsaktivitéiten uechter ganz Europa intresséiert sinn, kënne sech zanterhier iwwer deen neie Corps informéieren, awer och Erfahrungen austauschen a mat involvéierten Organisatioune Kontakt ophuelen. D'Iddi hannert dësem Solidaritätscorps ass einfach: Jonk Mënschen tëscht 17 an 30 Joer engagéiere sech an europäesche Krisesituatiounen a leeschten do Hëllef, wo se am dréngendste gebraucht gëtt. : Vu Bréissel, d’Loreline Merelle.