arrow_back_ios
Europa Aktuell
Chimie an eisem Iessen mécht eis krank
Perturbateurs endocriniens heesche se op Franséisch, Endokrin Disruptoren ass déi däitsch Bezeechnung fir chemesch Produkter, déi ee längst iwwerall an der Natur, an deemno och an eisen Iesswueren erëmfënnt, an déi eis krank maachen. Dat alles huet ee ganz héije Präis, a kascht Europa all Joer ëm déi 157 Milliarden Euro, sou d'Berechnunge vun engem internationale Fuerscherteams. An nawell huet dEU-'Kommission net wëlles, eng Interdictioun fir dës Molekulen an de Wee ze leeden.