arrow_back_ios
Europa Aktuell
Firwat keng humanitär Visae fir d'zivil Populatioun vun Aleppo?
Déi europäesch Staatscheffe sinn um Sommet zur Conclusioun komm, dass d'EU näischt géint d'Tragedie kann ënnerhuelen, déi sech am Gaang ass zu Aleppo of ze spillen. Déi meescht ONG'en op der Plaz, dorënner "Médecins du monde", sinn awer der Meenung, dass ee mat humanitäre Visae Mënscheliewe rette kéint. Et ass allerdéngs eng Propositioun, déi kuerz drop zu Bréissel fir vill Polemik gesuergt huet.