Album vun der Woch
Young Blindness - The Murlocs
7 min
De psychedelesche 60ies Sound frësch opzemotzen ass tricky. Béckt ee sech ze déif a Richtung Blues, kléngt ee séier wéi sëllechen aner Coverbands, geet een ze wäit an den urspréngleche Psychadelic Rock, riskéiert een an der heiteger Zäit ënnerzegoen. Mëttlerweil ginn et vill Bands, déi op "retro surf jangle" maachen. Dacks sinn et Formatiounen, déi ze vill Gittaren a Pedalle manipuléieren awer net genuch Songwriting Kompetenzen Opweises hunn. Fir de Philippe Hansen hunn The Murlocs en adequaten Equiliber fonnt, grad wéi Temples, Allah-Las, oder King Gizzard And The Lizard Wizard.