Album vun der Woch
Heartworms - The Shins (2017)
No fënnef Joer Abstinenz ass de Singer/Songwriter James Mercer zréck mat senge Shins. Hire leschte Longplayer, deen ugangs Mäerz op den internationale Marché koum, huet de Mercer "Heartworms" gedeeft. Eelef Titelen iwwert d'Thema vun der Onschold, déi een zréck an dat éischt Joerzéngt vun dësem Joerdausend versetzen." Heartworms" dierft bei ville Leit en Nerv treffen, deen een eigentlech scho laang vergiess huet. Den Opus fokusséiert, niewent der Onschold, och d'Vulnerabilitéit, déi e bëssen a jidderengem vun eis stécht. "Heartworms" kuckt zréck a charakteriséiert Momenter aus der Vergaangenheet, invoquéiert eng Zort Nostalgie aus der pre-2010 Ära, d'Zäit vun der Renaissance vum alternativen Indie Pop. Presentéiert vum Philippe Hansen.