arrow_back_ios
Fräie Mikro
Ongesond Virschrëften
D'Iwwereglementéierung vum Tubak spillt den Zigarettefälscher an domat der organiséierter Kriminalitéit an d'Hänn. Och wann de Staat mat gudden Intentioune versicht, Zigaretten ze reglementéieren, sou huet sech d'Politik esou vill an d'Gestaltung vun der Verpackung an de Präis agemëscht, datt sech lues a lues ee geféierleche Schwaarzmaart wäert entwéckelen, seet de Blogger Bill Wirtz.