Fräie Mikro
"Faut vraiment vous faire un dessin?"
5 min
Déi Fro steet op der Titelsäit vun der franséischer Satirezeitung Charlie Hebdo an ass eng Referenz op den zweeten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. D'Anne Heniqui ass der Meenung: "Jo, leider!"
Eigentlech ass et eng rhetoresch Fro, méi wéi zwee Joer nodeems d'hallef Welt "Je suis Charlie" als Bekenntnis op der Broscht stoen hat, géint den Terror a fir Valeure wéi Demokratie a Fräiheet. De Message vun der Fro misst eigentlech kloer sinn: alles ass besser wéi eng Presidentin vun der rietsradikaler Partei Front National. Bleift also nach de Kandidat vun "en marche", den Emmanuel Macron.
An awer ass et net gewonnen fir e Sonndeg - den Opruff fir de "Vote utile", dee Vote, deen een net aus Pleséier mécht, mä fir Schlëmmeres ze verhënneren, ass dës Kéier nëmme schwaach ze héieren a Frankräich - net wéi 2002, wéi de Jean-Marie Le Pen et an den zweeten Tour gepackt hat a wou d'Populatioun sech massiv mobiliséiert hat.