Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Mëttesrascht  |  Spoon - I Turn My Camera On

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ François Bausch

François Bausch

on the headlines

D'Gewerkschaften aus dem Transportsecteur hunn en Donneschdeg de Moie géint de "Paquet routier" vun der EU-Kommissioun protestéiert. An deem Text ass ee Kapitel virgesinn iwwert d'Referenzperioden am Stroossen-Transport. Ënner anerem geet et em d'Verlängerung vun där Referendzperiod vun zwou op véier Wochen. Dat kéint zu méi sozialem Dumping féieren, soen d'Gewerschaften.


De Grand-Duché huet sech enger Allianz u Länner ugeschloss, déi géint den sozialem Dumping wëllt handelen, seet den Nohaltegkeets- an Transportminister François Bausch. Nieft de Benelux-Länner sinn et Frankräich, Däitschland an Italien grad ewéi Nët-EU-Memberlänner, déi géint de sozialen Dumping an der EU wëlle kämpfen. Déi fréier Ostblocklänner kritiséieren déi Positioun, wëll et an hiren Aen eng protektionistesch Haltung wier. Fir de François Bausch sinn d'Sozial-Konditiounen an deem Secteur awer net negociabel. Et bräicht een och keng nei Gesetzgebung an deem Beräich, mee et misst een derfir suergen datt déi aktuell Regelen och agehalen a kontrolléiert ginn.


Den Nohaltegkeetsminister hat iwwerdeems um Mëttwoch eng informell Reunioun mat den Transportministeren aus de Beneluxlänner an aus Éisträich, déi fuerderen, datt d'EU-Kommissioun soll iwwerpréiwen ob déi geplangte Maut an Däitschland konform ass zum EU-Recht. Éisträich wëll weiderhin eng Plainte géint déi däitsch Maut beim europäesche Geriichtshaff areechen.

Episoden

Ines Kurschat | © Michelle Barthel

Ines Kurschat

Wéi wäert d'Luxemburger Wort sech an den nächste Jore weiderentwéckelen? Mir froen déi nei Chefredaktesch.
headphones

14 min

play_arrow
Laurent Zeimet | © Michelle Barthel

Laurent Zeimet

Wéi realistesch ass et, datt d'Walgesetz wierklech geännert gëtt? Dat froe mir den CSV-Députéierten, den Institutiounekommissioun an der Chamber presidéiert.
headphones

13 min

play_arrow
Claudia Monti | © Michelle Barthel

Claudia Monti

Mir blécke mat der Ombudsman zeréck op hiert Mandat, dat elo eriwwer ass, an no vir op hir nei Aufgab als Presidentin vun der HUT ASBL.
headphones

12 min

play_arrow
Lex Delles | © SIP / Emmanuel Claude

Lex Delles

Wéi geet et weider mam Stroumpräis? Wat plangt d'Regierung fir en an der Gidd ze halen? Froen un de Wirtschafts- an Energieminister.
headphones

14 min

play_arrow
Julian Proffitt | © Jo Diseviscourt

Julian Proffitt

Wéi staark leiden d'Lëtzebuerger Autozouliwwerer ënner der Kris vun der Automobilbranche? Froen un de President vun der ILEA (Industrie Luxembourgeoise des Equipementiers de l'Automobile).
headphones

12 min

play_arrow
Fred Keup

Fred Keup

Als eenzeg Partei an der Chamber huet d'ADR sech gëschter géint eng weider militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain ausgeschwat. Froen un hire Fraktiounschef vum Maurice Molitor.
headphones

14 min

play_arrow
Alexander Flassak | © Jo Diseviscourt

Alexander Flassak

Méi wéi 5 Millioune Passagéier, iwwer 800.000 Tonne Fracht: De Flughafe boomt. Wéi eng Erausfuerderunge waarden an der noer Zukunft? Froen un de Chef vu lux-Airport.
headphones

10 min

play_arrow
Jean Asselborn | © European Union

Jean Asselborn

Dee fréieren Ausseminister kommentéiert den Eclat am Wäissen Haus a beschreift d'Konsequenzen, déi doraus ze zéie sinn.
headphones

15 min

play_arrow
Martine Deprez a Paulette Lenert | © Jo Diseviscourt

Martine Deprez a Paulette Lenert

Viru fënnef Joer gouf deen éischte Covid-Fall am Land detektéiert. Mat der Gesondheetsministesch vun deemools an hirer Nofollgerin kucke mir zeréck an no vir: wat hu mir aus der Corona-Pandemie geléiert?
headphones

20 min

play_arrow

Alex Donnersbach

Den CSV-Deputéierten ass Rapporter vun engem Text, deen de Moment staark an der Kritik steet: de Projet fir een neit Naturschutzgesetz. A wéi wäit wäert de Remarke vun den Ëmweltorganisatioune Rechnung gedroe ginn?
headphones

13 min

play_arrow

Carole Thoma

Wat kann a wëllt déi Lëtzebuerger Lénk sech vun hiren däitsche Kolleegen ofkucken, fir och erëm méi Uklang beim Wieler ze fannen? Dat freet d'Christiane Kleer d'Co-Spriecherin vun der Partei.
headphones

13 min

play_arrow
Pascal Ricquier | © Chris Zeien

Pascal Ricquier

De fréiere President vun der Policegewerkschaft SNPGL geet elo mam OGBL - also net mat der CGFP - an d'Wale fir Staatsbeamtekammer. Wéi koum et zu där Decisioun a wat sinn d'Ambitioune vum pensionéierte Polizist?
headphones

16 min

play_arrow
Uwe Jun | © Uwe Jun

Uwe Jun

De Professer fir Politikwëssenschaft vun der Universitéit Tréier analyséiert d'Resultat vun der Bundestagswal.
headphones

12 min

play_arrow
Charles Goerens

Charles Goerens

Wat ass d'Strategie vum Donald Trump? Den DP-Europadeputéierte kommentéiert eng Woch, am Laf vun där d'Welt eng aner ginn ass.
headphones

13 min

play_arrow
Tania Brugnoni | © Jo Diseviscourt

Tania Brugnoni

Froen un déi nei Directrice vum Nationalmusée, déi den 1. Januar d'Successioun vum Michel Polfer un der Spëtzt vum MNAHA iwwerholl huet.
headphones

12 min

play_arrow
Christelle Diederich | © Morgane Weidig

Christelle Diederich

D'Tageblatt-Journalistin huet d'Nofolleg vum Petz Lahure un der Spëtzt vu Sportpress.lu, dem Verband vun de Lëtzebuerger Sportjournalisten, iwwerholl.
headphones

11 min

play_arrow
Marco Boly | © Michelle Barthel

Marco Boly

Den Direkter vun der Gewerbeinspektioun (ITM) reagéiert op Kriticke vun Deeler vum Patronat un der Aarbecht vu senger Verwaltung.
headphones

12 min

play_arrow
Tilly Metz | © Morgane Weidig

Tilly Metz

Den Earth Overshoot Day, den Aarbechtsprogramm vun der EU-Kommissioun an déi nei global Sécherheetsarchitektur sinn Theemen am Gespréich mat der grénger Europadeputéierter.
headphones

15 min

play_arrow
Vanessa Schetgen a Joëlle Damé

Vanessa Schetgen a Joëlle Damé

Déi zwou Enseignantsgewerkschaften SNE/CGFP an SEW/OGBL schloen zanter Méint Alarm, well d'Léierpersonal iwwerlaascht ass. Mir froe si, wat sech muss änneren.
headphones

16 min

play_arrow
Claude Wiseler

Claude Wiseler

Droen dem ADR-Deputéierten Tom Weidig wéinst senger queerfeindlecher Äusserung Konsequenzen an der Chamber? Mir froen de Parlamentspresident.
headphones

14 min

play_arrow
live

Live