Album vun der Woch
Saint Etienne - Home Counties (2017)
Mat "Home Counties" huet Saint Etienne Geschichten iwwert d'Dierfer ronderëm déi britesch Haaptstad geschriwwen an deenen d'Bandmembere grouss gi sinn. Geographesch gesi reest den Nolauschterer virun allem an déi südleche Géigende vun der britescher Insel. Zäitgenëssesch Musek, 2017 schwätzt ee vun de Brexit Heartlands. Dat sinn allerdéngs déi eenzeg politesch Konnotatiounen, mam Album "Home Counties" beweist Saint Etienne op en neits, datt d'Inspiratioun fir déi ëmmerhin 19 Titelen doheem lauert a wann ee sech, do wou ee wunnt, wuel fillt, schreift d'Musek sech praktesch vum selwen. Mol psychedelesch, mol Pop influenzéiert, mol düster, mol lëschteg, de Mix stëmmt virun allem ënnermoolt vum Sarah Cracknell senger eenzegaarteger Stëmm, e weidere Plus fir den allsäits beléifte britesche Pop. Esou beschreift de Philippe Hansen dësen Album vun der Woch.