Album vun der Woch
Some Twist - Michael Nau
Engersäits iwwerzeegt dem Michael Nau seng nei Plack duerch de spilleresche Klang, deen iwwert déi 12 Stécker schwëmmt. Den Album wierkt, wéi wann en an d'Déift vum Mier gezappt gouf. Et héiert een iwwerall en agreabelt Rauschen, e berouegend Summen dat den ausgefalene Sound begleet. Frënn vu 70er Soul a Songwriter Kascht wäerte am Michael Nau ee sympathesche Komerod erkennen. Säin neien Disk "Some Twist" ass donieft awer immens ofwiesslungsräich. Mat melancholesche Pianos-Balladen, skurril verdréitem Outlaw Country, verdreemten Dub oder och dat eent oder anert instrumentaalt Stéck, dat u spannend Lalo Shifrin Filmmusek erënnert. Presentéiert vum Jamie Reinert.