arrow_back_ios

Album vun der Woch

Bedouine

Seelen huet e Kënschtlernumm besser bei eng Musekerin gepasst, wéi Bedouine bei d'Azniv Korkejian. An neen: hiren neie Release, dee schlicht an einfach hiren Numm dréit, ass net Album vun der Woch, wëll si aus Aleppo kënnt - mä well en iwwerzeegt. An dofir direkt nach emol déi béid Adjektiver schlicht an einfach, kombinéiert mat lëfteg an awer intensiv, onopgereegt an trotzdeem spannend, roueg an onrouegen Zäiten, e bëssi Hippie, deen op Folk trëfft, akustesch Gittaren, deene d'Begleedung vun dezente Straicher- a Bléiserarrangementer gutt stinn.


De Matthew E. White als Mentor


Resuméiert: schéin ass en, den Album vun där Fra, déi mat armeneschen Elteren fir d'éischt a Syrien an duerno a Saudi-Arabien gelieft huet, duerch eng Green Card an d'States koum, dono x Statiounen, zur Zäit zu L.A. lieft ... an déi do e Mann begéint huet, deen iwweraus wichteg fir hir Karriär gouf: de Matthew E. White. D'Bedouine hat dem Museker aus Virginia eent vun hire Lidder, "One Of These Days" gemailt ... ob dat dann näischt fir deem säi Label "Spacebomb Records" wier. De Matthew E. White huet wuel vill vu sengem eegene Sound am Lidd erkannt, stellt der Bedouine seng Band ronderëm den Trey Pollard zur Dispositioun a bréngt den Debutalbum scho bal logescherweis op sengem Label eraus.


Bedouine meets White deemno - et geet Rieds vu waarme wäissem Soul bei béiden, vun doucen a verdreemte Pop-Ausflich, liichtem Westcoast, et falen Nimm wéi Nick Drake oder Neil Young an Joni Mitchell an hiren Ufanksdeeg. Déi nei Heemecht vum Azniv Korkejian huet och Spure vu Country a Folk hannerlooss ... mä seelen huet eng Net-Amerikanerin all dës Elementer esou "charmant" - de britesche Guardian huet et esou formuléiert - zesummegedroe wéi d'Bedouine, dat doriwwer eraus Hektik, Stress an d'Liewen op der Iwwerhuelspuer aus hirer Musek eliminéiert huet.


D'Bedouine kéiert dat Bannescht, dat wat si erlieft huet, no baussen - hir Odyssee aus Syrien bis a Kalifornien an de Bléck zréck op eng Heemecht, déi si als Kand nach a voller Bléi matkritt huet, sinn ouni Zweiwel fir déi eng an aner Textiddi eng net onbedéngt erwënschten, an dach reell Inspiratioun gewiescht. Si selwer schwätzt vun "challenges for myself".


Nice And Quite


Mat hirem Debutalbum an der Ënnerstëtzung vum Matthew E. White kéint d'Bedouine eng Musekskarriär un d'Rulle kréien, déi villverspriechend kléngt. A si kéint deen Job opginn, dee si zur Zäit ausüübt. Si schafft an engem Tounstudio - sou wäit esou gutt. An engem Tounstudio, wou si d'special Effects an allerhand Gimmicks op den Tounspuere fir Videospiller zesummestellt ... fir déi nach méi hektesch, spektakulär an opgedréint ze gestalten. Kaum ze gleewen, wann een déi zéng Lidder vum Album, alles Eegekompositioune, lauschtert. "Nice and Quite" heescht iwwregens den éischten Titel. Schéin a lues, genee ...


Presentéiert vum Fred Medernach.


Episoden

Freed ass Widderstand

Lauschtert mat eis “Chopping Mountain” vun Ibibio Sound Machine, dee positiivsten Album, deen de Marc Clement zanter laangem héieren huet.
headphones

11 min

play_arrow

Rebecca Black - Age of the Exhibitionist

D’Rebecca Black ass fir ganz vill Leit keen Onbekannt; och wann de Numm alleng vläit net jidderengem eppes seet.
headphones

11 min

play_arrow

Erykah Badu and The Alchemist - Before The World Blows

16 Joer sinn et hier, datt d’Erykah Badu e richtege Studioalbum released huet. Huet d’Waarden op “Before the World Blows” sech dann och gelount?
headphones

10 min

play_arrow
Westside Cowboy - It Goes On | © Rough Trade

Westside Cowboy - It Goes On

Westside Cowboy wollte Musek spillen, déi esou analog wier, dass keng KI se kéint nomaachen: Hir Plack "It Goes On" stécht voller erfrëschender Afäll an natierlecher Energie.
headphones

10 min

play_arrow
Julia Holter - Materia | © Bandcamp

Julia Holter - Materia

D’Julia Holter setzt op dem neien Disk “Materia” hire leschten Album fort. Experimentellen Pop trëfft hei op verdreemten Ambient an orchestral Arrangementer.
headphones

10 min

play_arrow

Getdown Services - Massive Champion

Rhythmesch, frech, an e bëssen absurd - dem Bristoler Duo Getdown Services hir zweet Plack "Massive Champion" ass nach eemol ëm eppes méi schaarf wéi déi éischt.
headphones

11 min

play_arrow

Rowena Wise - Bad Things Feel Good*

Zënter hirer Jugend ass d'Duechter vun enger Folksängerin an engem Luthier ënnerwee. Op hirem Album "Bad Things Feel Good*" sicht si no engem musikaleschen an emotionalen Doheem.
headphones

9 min

play_arrow

Nick Hakim - I Can See

D'Soulballad an 12 moderne Gewänner
headphones

12 min

play_arrow
Oh Yeah? | © RCA

Oh Yeah?

Dem Steve Lacy säin an tëschent drëtte Studioalbum war mat groussen Erwaardunge verbonnen, zemools nom Succès vum zweeten Album “Gemini Rights” aus dem Joer 2022.
headphones

12 min

play_arrow
Finn Wolfhard - Fire from the Hip | © AWAL Recordings

Finn Wolfhard - Fire from the Hip

Mat "Fire from the Hip" stellt de Finn Wolfhard scho säin zweete Solo-Album an engem Joer vir. An invitéiert eis op eng Rees duerch d'1960er a 70er.
headphones

8 min

play_arrow
Madonna - Confessions II | © Warner Records

Madonna - Confessions II

D’Madonna ass zeréck!
Olivia Rodrigo - you seem pretty sad for a girl so in  love | © Geffen Records

Olivia Rodrigo - you seem pretty sad for a girl so in love

Den Album erzielt d’Geschicht vun enger Bezéiung. Et fänkt ganz léif un, mee séier kommen och Zweiwel op, bis et iergendwann awer zesummebrécht.
headphones

14 min

play_arrow
Kelsey Lu - So Help Me God | © Dirty Hit

Kelsey Lu - So Help Me God

Siwe Joer huet ee sech missen op deen neie Kelsey-Lu-Album gedëllegen.
headphones

10 min

play_arrow
Death Cab for Cutie - I Built You A Tower | © Anti-

Death Cab for Cutie - I Built You A Tower

Blumme käppen an een Tuerm bauen
headphones

12 min

play_arrow
Paul McCartney - The Boys of Dungeon Lane | © Capitol Records

Paul McCartney - The Boys of Dungeon Lane

Eng nostalgesch Rees mat guer net esou nostalgeschem Sound: Op senger neier Plack erënnert sech de Paul McCartney un d'Liverpool vu senger Kandheet a Jugend.
headphones

11 min

play_arrow
Genesis Owusu - Redstar Wu and The Worldwide Scourge

Genesis Owusu - Redstar Wu and The Worldwide Scourge

Deen australesche Museker Genesis Owusu bréngt mat “ Redstar Wu and The Worldwide Scourge” säin drëtten Album eraus.
headphones

10 min

play_arrow
School Fair – Unexpected Viloence

School Fair – Unexpected Viloence

Iergendwou tëschent Fontaines DC an den Ufanksdeeg vun The Cure fanne School Fair hire ganz eegene Sound.
headphones

7 min

play_arrow
Levin Liam - Pech

Levin Liam - Pech

Mat sengem zweete Studioalbum "Pech"  iwwerzeegt den Hamburger Musiker mat melodesche Beats a melancholeschen Texter an definéiert de Genre Hip Hop op seng ganz eegen Aart a Weis.
headphones

11 min

play_arrow
Aldous Harding - Train on the Island | © Bandcamp

Aldous Harding - Train on the Island

Méi eckeg wéi op hire leschte Placke weist sech d'Aldous Harding op hirem neiste Wierk "Train on the Island".
headphones

8 min

play_arrow
Carla dal Forno - Confession

Carla dal Forno - Confession

Opgeholl an enger verloossener Klinik an Texter iwwer obsessiv romantesch Fantasien - d’Carla dal Forno ënnerleet düster Gedanke mat poppege Melodien a kantegem Bass.
headphones

8 min

play_arrow