Album vun der Woch
Bedouine
Seelen huet e Kënschtlernumm besser bei eng Musekerin gepasst, wéi Bedouine bei d'Azniv Korkejian. An neen: hiren neie Release, dee schlicht an einfach hiren Numm dréit, ass net Album vun der Woch, wëll si aus Aleppo kënnt - mä well en iwwerzeegt. An dofir direkt nach emol déi béid Adjektiver schlicht an einfach, kombinéiert mat lëfteg an awer intensiv, onopgereegt an trotzdeem spannend, roueg an onrouegen Zäiten, e bëssi Hippie, deen op Folk trëfft, akustesch Gittaren, deene d'Begleedung vun dezente Straicher- a Bléiserarrangementer gutt stinn.
De Matthew E. White als Mentor
Resuméiert: schéin ass en, den Album vun där Fra, déi mat armeneschen Elteren fir d'éischt a Syrien an duerno a Saudi-Arabien gelieft huet, duerch eng Green Card an d'States koum, dono x Statiounen, zur Zäit zu L.A. lieft ... an déi do e Mann begéint huet, deen iwweraus wichteg fir hir Karriär gouf: de Matthew E. White. D'Bedouine hat dem Museker aus Virginia eent vun hire Lidder, "One Of These Days" gemailt ... ob dat dann näischt fir deem säi Label "Spacebomb Records" wier. De Matthew E. White huet wuel vill vu sengem eegene Sound am Lidd erkannt, stellt der Bedouine seng Band ronderëm den Trey Pollard zur Dispositioun a bréngt den Debutalbum scho bal logescherweis op sengem Label eraus.
Bedouine meets White deemno - et geet Rieds vu waarme wäissem Soul bei béiden, vun doucen a verdreemte Pop-Ausflich, liichtem Westcoast, et falen Nimm wéi Nick Drake oder Neil Young an Joni Mitchell an hiren Ufanksdeeg. Déi nei Heemecht vum Azniv Korkejian huet och Spure vu Country a Folk hannerlooss ... mä seelen huet eng Net-Amerikanerin all dës Elementer esou "charmant" - de britesche Guardian huet et esou formuléiert - zesummegedroe wéi d'Bedouine, dat doriwwer eraus Hektik, Stress an d'Liewen op der Iwwerhuelspuer aus hirer Musek eliminéiert huet.
D'Bedouine kéiert dat Bannescht, dat wat si erlieft huet, no baussen - hir Odyssee aus Syrien bis a Kalifornien an de Bléck zréck op eng Heemecht, déi si als Kand nach a voller Bléi matkritt huet, sinn ouni Zweiwel fir déi eng an aner Textiddi eng net onbedéngt erwënschten, an dach reell Inspiratioun gewiescht. Si selwer schwätzt vun "challenges for myself".
Nice And Quite
Mat hirem Debutalbum an der Ënnerstëtzung vum Matthew E. White kéint d'Bedouine eng Musekskarriär un d'Rulle kréien, déi villverspriechend kléngt. A si kéint deen Job opginn, dee si zur Zäit ausüübt. Si schafft an engem Tounstudio - sou wäit esou gutt. An engem Tounstudio, wou si d'special Effects an allerhand Gimmicks op den Tounspuere fir Videospiller zesummestellt ... fir déi nach méi hektesch, spektakulär an opgedréint ze gestalten. Kaum ze gleewen, wann een déi zéng Lidder vum Album, alles Eegekompositioune, lauschtert. "Nice and Quite" heescht iwwregens den éischten Titel. Schéin a lues, genee ...
Presentéiert vum Fred Medernach.