arrow_back_ios
Europa Aktuell
Etat de l'Union: Wat ass ze erwarden?
Wéi soll et viru goen mat der Europäescher Unioun? Um Mëttwoch Moien presentéiert de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker seng Visiounen dozou. Zu Stroossbuerg am Europaparlament hält hien wéi all Joer seng Ried zur Lag vun der Unioun. 2017, an der Halbzeit vrun de nächsten Europawalen ass se besonneg wichteg, dat huet de Jean-Claude Juncker schonn ugedeit, och dat hien sech eventuell net mat perséinlech points de vuen zeréckhale wëll.