arrow_back_ios
Europa Aktuell
Kleng Fortschrëtter bei Brexit-Verhandlungen
D'Verhandlungen iwwert den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU bleiwen zéi. D'Annonce vun der britescher Premierministerin dee leschte Freideg ginn als klenge Fortschrëtt bewäert. De Moment vun der Wourecht wier elo komm, sot de Méindeg den EU-Negociateur Michel Barnier. Ënnert dem Stréch ass een op konkrete Punkten awer nach net vill virukomm, sou d'Analys am Europaparlament. D'Danièle Weber mat Detailer.