Europa Aktuell
Eskalatioun a Spuenien
A Spuenien hält déi regional Regierung a Katalounien weider um Referendum iwwert eng Autonomie fest - dat obschonns de Vote vum Verfassungsgeriicht als net legal declaréiert gouf. Op där anerer Säit geet d´Regierung ëmmer méi haart géint déi vir, déi de Referendum organiséiere wëllen.
Grad dës Repressioun suergt dofir, datt d'Separatisten ëmmer méi Ënnerstëtzung kréien. Och am Europaparlament. D'Situatioun ass zimlech verfuer. Et gëtt Stëmmen déi soen, d'Europäesch Kommissioun misst tëscht den zwou Säiten vermëttelen. Bréissel hält sech awer bis elo eraus. Eng Korrespondenz vum Danièle Weber.