Album vun der Woch
Deerhoof - Mountain Moves
7 min
Deerhoof mécht Art Punk. E musikalesche Stil hannert deem villes stécht. Art Punk ass éischter en Ausdrock vu Verzweiwlung, well déi 1994 gegrënnte Formatioun vu San Francisco weder an e konventionellen - nach an en onkonventionellen Tirang passt. Mountain Moves ass en Iwwerraschungs-Ee. Kee vun de fofzéng Songs ass previsibel. Vu japaneschem Bubbelgum Pop iwwer Highway Rock n'Roll, Electro, experimentellem Jazz, Hard Rock, Tropicalia a spuenesch barock Kantaten ass de musikalesche Panorama immens breet gefächert. D'Kiischt um Kuch: eng Reprise vu Little Axe vum Bob Marley. Wat d'Approche an d'Schreiwe vu Mountain Moves ubelaangt, huet Deerhoof sech direkt un de leschten US-amerikanesche Presidentschaftswahlen inspiréiert, mat Referenzen un de Womens March. Vill Texter stinn als Hommage u vergaange politesch Protestaktioune mam Message un déi nei Generatiounen, sech ze manifestéieren. Deerhoof mécht Musek vun iwwermuer, wou usprochsvolle Wahnsinn mat Spaass a batterem Eescht a Symbios harmonéieren. De Philippe Hansen ass hell begeeschtert.