Europa Aktuell
Lëtzebuerg an der Kritik vum Europaparlament
D'Europäesch Kommissioun brauch méi Personal fir Fäll vu Finanzkriminalitéit an der EU z'ënnersichen. Zu där Konklusioun kënnt eng Enquêtë-Kommissioun am Europaparlament. Annerhalleft Joer laang hu sech d'Parlamentarier mat Blanchiment befaasst a sech dobäi deels op déi sougenannte Panama Papers bezunn. Lëtzebuerg gëtt kritiséiert. D'Land hätt misse virausgesinn, datt aneren EU-Memberlänner Steiersuen entginn. D'Enquête huet sech och op Recherche vun der Journalistin Daphne Caruana Galizia bezunn, déi e Méindeg (16.10.) op Malta no engem Bommenattentat ëm d'Liewe koum. Hannergrënn vum Danièle Weber.