arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Parlament fuerdert Gesetz iwwer Whistleblower
Luxleaks, Panama Papers oder Swiss Leaks - hannert all Publikatioun stécht een, deen dës Donnéeën no bausse ginn huet - ee sougenannte Whistleblower. Datt een dofir ka viru Geriicht landen a bestrooft ginn, huet de Fall vum Antoine Deltour, deen d'Luxleaks Donnéeën eraus ginn huet, gewisen.
Esou Wistleblowere musse besser protegéiert ginn, fënnt eng Majoritéit vun den Deputéiert am Europaparlament. Si fuerderen, datt d'Europäesch Kommissioun séier soll een entspriechend Gesetz virleeën.