Album vun der Woch
Vulfpeck - Mr. Finish Line
Mr. Finish Line ass kee Konzept Album, éischter e Best of vun deene Gäscht, déi regelméisseg an d'Vulfpeck Studios zu Los Angeles laanscht kommen. Dat si Beebop-, eighties Pop-, Funk- a fréier Motown Gréissten. Waarm, rhythméiert, vill Keyboards a Saxophon Sequenze gekoppelt mat Beat, dee sëtzt wéi d'Fauscht op d'Aa. Mr Finish Line ass funky, e kuerzen Album, zéng Titelen, dat si 35 Minutten, déi een un d'Jackson Five an un d'Cosby Show erënneren. Vulfpeck produzéiert spezielle Sound unhand vun hirem eege konzipéierte Vulf Kompresser deen dobäi och nach kommerzialiséiert ass. Mr. Finish Line vu Vulfpeck kann een um Radio héieren, allerdéngs muss een déi nei Scheif onbedéngt lauschteren, mengt de Philippe Hansen.