Europa Aktuell
Wat seet d'Europaparlament zu de Brexit-Verhandlungen?
Déi zweet Phas vun de Negociatioune mat Groussbritannien iwwert den Austrëtt aus der EU kann agelaut ginn. Där Meenung ass d'Europaparlament. Gëschter hunn d'Parlamentarier eng Resolutioun gestëmmt, an där awer och kloer gestallt gëtt, datt de Rapport, deen d'Negociateuren de leschte Freideg publizéiert hunn, verbindlech ass. Dat wat do dra steet, wieren net just Intentiounen, mä misst dono an den Accord festgeschriwwe ginn. Et gëtt nach vill ze dinn, sou d'Analys vum Parlament. Virun allem am Beräich Biergerrechter misste nach eng etlech Detailer gekläert ginn. D'Danielle Weber informéiert.