arrow_back_ios
Fräie Mikro
2018 brauche mir méi Gléck weltwäit, wéi an de Jore virdrun
2018 fänkt mam allgemenge Verloscht u Glafwierdegkeet a Vertrauen a Politik, Weltwirtschaft, Reliounen a Kommunikatioun un. Schold dru sinn déi, déi Luch a Bedruch als acceptabel Utensilie vum politesche Geschäft virféieren. Well d'EU sech ëmmer nees vun de fréieren Alliéierten ënnert Drock setze gelooss huet, ka si sech net aus eegener Kraaft aus der Ofhängegkeet vun der amerikanescher Tutelle erauswirtschaften.