Eng nei Adaptatioun vum berühmte Krimi vun der englescher Schrëftstellerin Agatha Christie "Murder on the Orient Express", eng nei Aventure vum Bier "Paddington", deen dës Kéier an de Prisong muss, "Suburbicon", eng idyllesch US-Stad aus de 50er Joren, an där kee senges Liewe sécher ass an eng franséisch Familljereunioun an der "Villa" a Südfrankräich.
Den Tom Dockal an d'Martine Reuter zerplécken déi nei Filmwoch.