Fräie Mikro
Mat Schierbelen a Gilletten
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze förderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spiggelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.
D'UNICEF schätzt, datt op der ganzer Welt 200 Millioune Meedercher a Kanner liewen, déi partiell oder ganz genital mutiléiert sinn. Dës barbaresch Praxis gëtt zum Deel - fälschlecherweis - duerch Relioun begrënnt, duerch Hygiène oder duerch Traditioun. Fait ass, datt duerch dës schrecklech Operatioun Fraen e Liewe laang physesch a psychesch traumatiséiert sinn. U si gëtt weltwäit de 6. Februar geduecht.
De fräie Mikro vum Simone Beck.