Europa Aktuell
Nei Dateschutzregelen: Lëtzebuerg ass nach net prett
Vun Enn Mee u gëllen an der EU nei Dateschutzregelen: Deen eenzele Bierger kritt méi Rechter iwwert Donnéeën, déi iwwert hie gespäichert goufen. Fangerofdréck, genetesch Donnéeën, oder Donnéeën, déi op engem seng politesch Astellung, seng Relioun oder seng sexuell Orientéierung hiweisen, dierfe net wiederverschafft ginn, wann déi betreffend Persoun sech domat net virdrun averstanen erkläert huet.
Bis elo sinn awer just zwee Länner an der EU prett, fir déi nei Regelen ëmzesetzen. Lëtzebuerg gehéiert net dozou, wäert sech awer un den Delai halen, seet de Justizminister. Een Dossier vum Danièle Weber.