Europa Aktuell
Europäesch Komissioun net eendeiteg
D'Iddi vum Spëtzekandidat bei den Europawahlen war vun Ufank eng, déi villen nationale Regierungscheffen net gepasst huet. Bis elo hu si am Europäesche Conseil de Kommissiounspresident dacks hannert zouenen Diere bestëmmt. A Verschiddener fannen och, dat sollt esou bleiwen.
Vläicht och dowéinst leet d'Europäesch Kommissioun elo een net ganz couragéierte Positiounspabeier op den Dësch, deen dozou och nach zimlech kontradiktoresch ass. Datt d'Europaparlament sech déi lescht Woch och net ganz eendeiteg positionéiert huet, mécht d'Saach net méi einfach. En Dossier vum Danièle Weber.