Europa Aktuell
EU-Tierkei - keng Normaliséierung vun de Relatiounen
Dee leschte Freideg gouf den däitsch-tierkesche Journalist Deniz Yüzel no iwwert engem Joer aus dem tierkesche Prisong fräigelooss. Et wier keng politesch, mä eng juristesch Decisioun gewiescht, sot dozou den däitschen Ausseminister. Hien huet och drop verwisen, datt et elo och drëm géing, sech dofir anzesetzen, datt weider Prisonéier fräikommen.
D'Tierkei hätt gären, datt sech d'Relatioune mat Däitschland oder anere Länner méiglechst séier normaliséieren. Wéi soll sech d'EU behuelen an dëser Situatioun? Een Dossier vum Danièle Weber.