arrow_back_ios
Fräie Mikro
D'Entente tëscht der Direktioun vum Prisong a Parquet ass vergëft
Um Rand vun engem Prozess goung viru Kuerzem rieds vu Fotoen, déi un de Folterskandal vun Abu Ghuraib erënnert hunn. Erniddregend Biller vun engem Detenu hunn d'Magistratin, déi fir den Strofvollzug zoustänneg ass, alarméiert. Si huet dunn de richtege Reflex gehat an huet eng Plainte agereecht. Wéi sech erausgestallt huet, sollten domat Blessurë vun engem Prisonéier dokumentéiert ginn, dee virdrun seng Zell a Brand gestach hat.
De Fräie Mikro vum Anne Heniqui.