Album vun der Woch
Joan As Police Woman - Damned Devotion
Déi sechst Scheif vu Joan As Police Woman "Damned Devotion" ass eraus. Den allsäits bekannte Perkussionist Parker Kindred huet och hei nees matgemëscht, fir e rhythmescht adequat Fundament ze schafen. Den organesche Bass, dem Joan Wasser seng waarm Stëmm an dem Thomas Bartlett seng elegant Pianos- a Keyboard Passagen droen, mat de Gäscht Sufjan Stevens an Daniel Johnston, dozou bäi, datt Damned Devotion geschmeideg duerch Kopfhörer an aner Supporte kléngt. Damned Devotion ass en eegen-therapeuteschen Album, deen Alternative Pop, Funk, R'n'B an eng Hellewull aner Indiesounds effikass matenee verbënnt. Dem Philippe Hansen no absolut derwäert, dësen Album vun der Woch ze presentéieren.