arrow_back_ios
Fräie Mikro
Pub ou publics? Medien am Déngscht vun der Gesellschaft
An der Schwäiz gouf et mam rezente Referendum iwwert d'SSR, d'Société suisse de radiodiffusion et télévision, eng intensiv Diskussioun iwwer d'Plaz vun den ëffentlech-rechtleche Medien an der Gesellschaft. Wéi steet et zu Lëtzebuerg ëm de Service public an de Medien? Wou ass den Debat iwwert d'Medielandschaft an eisem Land drun? Dat sinn d'Froe, mat deene sech d'Françoise Poos, Fuerscherin am Beräich vu Visueller Kultur a Medien, am Fräie Mikro beschäftegt.