Europa Aktuell
Nei Steier fir Internet - Entreprisen
8 min
Grouss Internet-Entreprise bezuele net genuch Steieren an Europa. Där Meenung ass d'Europäesch Kommissioun a presentéiert muer nei Regelen.
Engem Brouillon vun der Direktive no kéint eng Taxe vun engem bis fënnef Prozent um Chiffre d'affaire vu verschiddenen Aktivitéiten vun digitalen Entreprisen agefouert ginn. Dat kéint der EU tëscht fënnef an knapps aacht Milliarden Euro am Joer abréngen.
Lëtzebuerg ass net prinzipiell géint esou eng nei Steier, mee si dierft net op d'EU beschränkt sinn, sou de Lëtzebuerger Finanzminister an enger éischter Reaktioun.