Europa Aktuell
D'EU an auslännesch Investitiounen
Auslännesch Suen an der Héicht vun ca 250 Milliarden ginn all Joers an der EU investéiert, am meeschten aus der Schwäiz an den USA. D'EU ass fir oppe Mäert a géint Protektionismus. Dat gëtt vu Bréissel aus ëmmer nees betount. Zu Lescht, wéi et ëm amerikanesch Stroftaxe goung. An der EU ginn et awer ëmmer méi Stëmmen déi soen, et misst ee sech géint auslännesch Investitiounen schützen. D'Europäesch Kommissioun wëllt dat koordinéieren. Allerdéngs ass et ee sensibele Beräich, an dee sech eng Partie Länner näischt soe loosse wëllen. En Dossier vum Danièle Weber.