Europa Aktuell
Méi a Roboter investéieren
Bréissel wëll d'Europäesch Unioun am Beräich vun der Automatiséierung virubréngen. Ronn 20 Milliarden Euro sollen an deem Secteur investéiert ginn. Bréissel wëll der Industrie duerch Fongen hëllefen.
Europa hänkt hannendrunn, an den USA oder a China gëtt méi an dee Secteur investéiert. Roboter huele kéng Aarbecht ewech - mee op laang Siicht brénge si méi Wuestem an Aarbechtsplazen, sou d'Iwwerzeegung. Ethesch Froen, wéi déi vum legale Statut vun engem Roboter gi bis elo ausgeklaamert. Bis Enn d'nächst Joer sollen déi grouss Linnen ausgeschafft ginn.