arrow_back_ios
Fräie Mikro
68: déi nei Lénk an déi al
1968 huet de Choix un Theorien iwwer d'Geschicht, d'Gesellschaft an hir Revolutionéierung net gefeelt. Sozialistesch, marxistesch, leninistesch an trotzkistesch, maoistesch an anarchistesch Iddie gouf et a ville Varianten. A selbstverständlech hate se och all den Usproch, déi eenzeg richteg Wourecht ze besëtzen. Eng vun deene méi typesch 68er Theorien déi bei de Studenten ganz beléift war, war déi vun der "New Left". E Fräie Mikro vum Thierry Simonelli.