Europa Aktuell
Propos fir EU-Budget ass ëmstridden
D'Europäesch Unioun finanzéiert sech aus de Suen, déi d'Memberlänner an d'EU-Keess abezuelen. De Budget gëtt all Kéiers fir siwe Joer festgeluecht. Deen aktuelle leeft an eppes iwwer zwee Joer aus, dowéinst gëtt et Zäit iwwer dee nächsten ze diskutéieren.
Gëschter huet d'Europäesch Kommissioun eng Propos gemaach, déi direkt fir Diskussioune gesuergt huet. Bréissel proposéiert nämlech, datt méi soll an d'Keess abezuelt ginn an och, datt muss a verschiddene Beräicher gespuert ginn.
D'Debatt ass lancéiert, d'Danièle Weber mat éischte Reaktiounen.