arrow_back_ios
Europa Aktuell
D'Gespenst vum TTIP light geeschtert duerch d'EU
Als Auswee aus der Handelskris mat den USA hu verschidde Politiker eng Light-Versioun vum ëmstriddenen TTIP-Ofkommes an d'Spill bruecht. D'EU huet den Ament kee Mandat dofir, soe Kritiker. Den aktuellen Trend fir déi ëmstridde Schiidsgeriichter aus Handelsaccorden erauszehuele gëtt iwwerdeems vun TTIP-Géigner net gutt opgeholl. Domat ëmgeet d'EU-Kommissioun d'Kritik, sou hiert Argument. D'Prozedur gëtt méi efficace soen déi aner. Een Dossier vum Danièle Weber.