arrow_back_ios
Europa Aktuell
Wéi soll d'EU reagéieren?
Wat geschitt nom Réckzuch vun den USA aus dem Atomdeal mam Iran? En Dënschdeg empfänkt zu Bréissel d'Chefdiplomatin vun der EU, d'Federica Mogherini, d'Ausseministeren aus Däitschland, Frankräich, Groussbritannien ... an dem Iran - fir iwwer d'Konsequenzen ze schwätzen. Den Iran huet virop der EU een Ultimatum gestallt an hätt gären bannent 60 Deeg Garantien dofir, datt d'Land weider ekonomesch vum Deal profitéiere kann. En Dossier vum Danièle Weber.